Projet de loi 7479BD’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:Dass d’Konkurrenzautoritéit 2022 mam Projet de loi 7479A zu engem Établissement public ginn ass an d’Méiglechkeet kritt huet, fir sech an Dossieren s’autosaiséieren;Dass et an eisen Nopeschlänner scho verschidde Versioune vun enger Konzentratiounskontroll (contrôle de concentration) gëtt.

Zum Beispill a Frankräich huet déi zoustänneg Autoritéit d’Méiglechkeet de betraffene Firmen Ännerungen an hirer Fusioun ze imposéieren ;Dass op EU-Niveau eréischt eng Konzentratiounskontroll gemaach gëtt, wann de gesamten Ëmsaz, dee vun alle betraffene Firmae gemaach gouf, méi wéi 5 Milliarden Euro betrëfft an den Ëmsaz, deen an op mannst 3 EU-Länner gemaach gouf, méi wéi 250 Milliounen Euro betrëfft, esoufern keng vun de betraffene Firmae méi wéi zwee Drëttel vun hirem gesamten Ëmsaz an der EU an engem eenzege Land mécht.Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:eng Gesetzespropos auszeschaffen, fir dass d’Konkurrenzautoritéit sech an Zukunft autosaiséieren an eng Konzentratiounskontroll ex-ante hei zu Lëtzebuerg kann duerchféieren.Eis Motioun gouf ofgeleent vun CSV, DP LSAP an Adr.2024/03/21 Motioun Piraten FusiounskontrollHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.