Carte de séjour fir FamiliememberenSou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Immigratioun an Asyl weiderzeleeden.Familljemembere vun engem Lëtzebuerger Resident aus engem EU Memberstaat dierfen hei am Land liewen.

Si kënnen eng Carte de séjour ufroen an, wann si méi wéi 5 Joer onënnerbrach beim Resident gewunnt hunn, kënnen si eng Demande de séjour permanente stellen. Bis dohi mussen si hier Carte de séjour de membre de famille ëmmer bei sech hunn. Dës Carte de séjour ass aus Pabeier a passt net onbedéngt an all Portmonnie.Wéi steet de Ministère zu enger Carte de sejour, déi besser an de Portmonnie passt an aus méi stabillem, nohaltege Material besteet?Ass virgesinn dëst Dokument an noer Zukunft ze erneieren an et esou méi daachlech fir den Alldagsgebrauch ze maachen?Question parlementaireDownload

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.