Ginn zu Lëtzebuerg Ausbildunge fir Juegdhënn ugebueden? Wa jo, wéi vill?Verschidden Ziichter maache mat hiren Déieren ee Wesenstest, een Test, mat deem d’Verhaalenseegenschaften vun den Hënn kontrolléiert ginn.

Och bei Rettungshënn kënnt dësen Test an den Asaz. Sinn esou Wesenstester och fir Juegdhënn virgesinn?Zanter 2015 dierfe keng Fiiss méi zu Lëtzebuerg gejot ginn. Dat bedeit, dass dës Déieren net dierfen erschoss ginn, mee och keng Juegdhënn dierfen op si lass gelooss ginn.  Wéi oft gouf d’Anhale vum Fuussejuegd-Verbuet kontrolléiert säit 2015? Wéi vill Verstéiss goufe festgestallt?An der Belsch ass d’Fuussejuegd net verbueden, an esou kéint et virkommen, dass Lëtzebuerger Residenten an der Belsch op d’Juegd ginn, an do Fiiss schéissen. Dierf ee Lëtzebuerger Resident ee geschossene Fuuss aus der Belsch mat a Lëtzebuerg bréngen?

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.