Projet de loi n°8383 et n°8384D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:Den Direkter vun der SNHBM sot am RTL Interview d’Strategie wier, fir een Drëttel vun de Wunnengen an d’Locatioun ze ginn ;An dësem RTL Interview vum 17ten Abrëll an am 100,7 Interview vum 4te Mäerz 2024 erkläert den Direkter och, datt d’SNHBM misst Wunnenge verkafe, fir hir Käschten ze decken an de Finanzement vun der Gesellschaft ze assuréieren.

Eppes wat mat der Locatioun net méiglech wier ;Am Interview um 100,7 sot den Direkter och, datt all d’VEFA Projeten déi elo a an der Bautekris vum Staat opkaaft ginn an der SNHBM ënnerstallt ginn, an d’Locatioun ginn. D’Zil ass fir dëst Joer 300 Wunnengen ze bauen ;Well et wéineg Keefer fir d’Projete vun den ëffentleche Bauträger gëtt, ass geplangt fir d’Seuile vun de Revenuen déi d’Leit dierfen hu fir bei der SNHBM ze kafen, sollen an d’Luucht gesat ginn. Dëst géif bedeiten, datt d’Leit mat méi héijem Akommes ewéi bis elo abordabel Wunnenge kéinten kafen. Wunnengen déi dann net méi u Leit kënne goen déi manner verdéngen an déi loune mussen.Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:D’Kapital vun der SNHBM SA eropzesetzen, datt si méi vun hire Wunnengen an d’Locatioun ka ginn.2024/04/25 Motioun Piraten Méi Capitaliséierung fir dSNHBM Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.